Our website is made possible by displaying online advertisements to our visitors.
Please consider supporting us by disabling your ad blocker.

Responsive image


Rod Stewart

Rod Stewart
Gebuertsnumm Roderick David Stewart
Gebuer 10. Januar 1945
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Liddermécher, Sänger, Gittarist, Discographesche Kënschtler, Vokalist
Famill
Bestuet mat Penny Lancaster

De Roderick David ("Rod") Stewart, CBE, gebuer den 10. Januar 1945 zu Highgate, London, ass e brittesche Rock- a Pop-Sänger. Mat iwwer 100 Millioune verkaafte Placken[1] ass hien ee vun den erfollegräichste brittesche Sänger.

An den 1960er an 1970er Joren huet hien a verschiddene Bands matgespillt, wéi Jimmy Powell and the Five Dimensions, Long John Baldrys Hoochie Coochie Men, The Soul Agents, Shotgun Express, The Steampacket der Jeff Beck Group, The Faces a Small Faces. 1969 huet hie mat An Old Raincoat Won't Ever Let You Down, säin éischte Soloalbum opgeholl. 1970 koum Gasoline Alley no, ma eréischt mat sengem drëtten Album Every Picture Tells a Story dat Joer drop hat hien, virun allem wéinst dem ausgekoppelten Hit Maggie May, säin Duerchbroch.

Aner international Hitten, déi an de Joren duerno erauskoumen, waren Sailing (1975), Don't Ya Think I'm Sexy? (1977), Baby Jane (1983) sou wéi Downtown Train a Waltzing Matilda, allebéid vum Tom Waits, dee méi um Stewart senge Coverversioune verdingt huet wéi u sengen eegenen Opname vun de Lidder.

E leschte Welthit hat hie mam Soundtrack vum Film Three Musqueteers (1993), dem Lidd All for Love, dat en zesumme mam Bryan Adams a mam Sting opgeholl hat.

  1. Stewart show backed by public cash, BBC News, 11. April 2002

Previous Page Next Page






Rod Stewart AF Rod Stewart ALS Rod Stewart AN رود ستيوارت Arabic رود ستيوارت ARZ Rod Stewart AST راد استوارت AZB Род Стюарт Bulgarian Rod Stewart Catalan Rod Stewart Czech

Responsive image

Responsive image