Our website is made possible by displaying online advertisements to our visitors.
Please consider supporting us by disabling your ad blocker.

Responsive image


Agglomeratioun

Eng Agglomeratioun (lat.: agglomerare) ass no der Definitioun vun der UNO vun 1998 eng Käerstad, déi e suburbant Ëmland besëtzt, wat baussent de Stadgrenze läit, awer direkt u si ugrenzt. Sou Agglomeratioune bestinn aus enger oder méi Stied, an hire Virstadgemengen (soug. Speckmantel). D'Agglomeratioun ass also d'Stad am renge geographesche Sënn, ouni d'administrativ Grenzen ze berécksichtegen.

Aner heefeg Bezeechnunge fir dës Gebidder si Stadregioun a Ballungsraum/-gebitt. Am Wesentlechen heeschen dës Begrëffer zwar dat selwecht, mä et gëtt awer kleng Bedeitungsnuancen. Zu enger Stadregioun zielen am Géigesaz zu de méi breede Begrëffer Groussregioun, Metropolregioun a Wirtschaftsregioun net déi ländlech Deelraim, mä nëmme bebauten Terrainen direkt un der Käerstad. Awer och Uertschaften, déi net direkt un der Käerstad leien, kënnen zu der Stadregioun gezielt ginn, wann de Groussdeel vun den Awunner an der Käerstad schafft.

No wéi enge Krittären d'Zuele fir all dës Begrëffer berechent ginn, hänkt am Endeffekt vun der jeeweileger Gesetzesdefinitioun oder vun den Institutiounen of, déi sou Berechnungen zur Verfügung stellen.

Ausserdeem ënnerscheet een nach tëscht monozentrrschen a polyzentreschen Agglomeratiounen, jee nodeem, op en een oder méi Zentre gëtt.


Previous Page Next Page